top of page

Liicht a Léift Lëtzebuerg 

​

​


​

"Loost eis zesummen d'Liewen feieren an allen Gefiller eng Plaatz ginn, fir gefillt ze ginn."

Är Trauerriednerin fir d'Gestalten vun ärer letzter Liewensfeier

Image by Dawid Zawiła
Start: Wëllkomm
IMGP8570DxOFujiProvia.jpg

Iwwert mech

Moien, ech sinn d´Maisy, schéin dat dir de Wee ob meng Säit fonnt hutt.

​

Nodeems meng Famill an ech ee ganz wichtege Mënsch an eisem Liewe verluer hunn, ass mir kloer ginn, dat genau dëst ob villen Begriefnisser feelt: Perséinlech an individuell Riede mat vill Liicht a Léift. An genau dat war meng Motivatioun fir mech als fräi Trauerriednerin ausbilden ze loossen.


Ech sinn ee Mënsch, dee gären hëlleft an op Mënschen ageet. Haaptberufflech schaffen ech als Sozialpädagogin a mäin Haaptmierk loung nach ëmmer am Begleeden an Ënnerstëtze vu Gefiller mat vill Häerz an Empathie.

​

D´Sprooch ass heibäi eng grouss Hëllef a kënnen Ennerstetzung vermëttelen an engem ee Gefill vun Trouscht ginn. 

​




Ech well d´Trauerfeier esou gestalten, wéi dir iech et fir äer Léifst wenscht: Eng lescht Feier, wou all Emotiounen erlaabt sinn a wou mir eisem Häerzensmensch esou Äddi soen, ewéi hien et verdingt huet:


Mat vill Liicht a Léift. 

Start: Iwwer mech

Mäin Verspriechen

empathesch, individuell a mat ganz vill Häerz

Image by Kevin Andre

Hei am Land si fräi Trauerriedner nach net esou wäit verbreet. Aus deem Grond erklären ech kuerz den Oflaf, wann dir mat mir zesummeschaffe wëllt. 

​

Wann ech eng Ried schreiwen, sinn ech fräi an der Gestaltung vun dëser. Keng Ried ass ewéi déi aner a gëtt flexibel, individuell a perséinlech un all eenzelnen Mënsch ugepasst.


Ech gestalte fir ären Häerzensmënsch eng Liewensfeier an nennen dës och ongär Trauerfeier. D'Trauer ass ee Bestanddeel vum Prozess, an deem ech iech mat vill Feingefill begleeden. De Fokus vu menger Ried ass awer d'Liewen, wat soll gefeiert a gewürdegt ginn.

Sou wéi all Mënsch individuell an eenzegaarteg ass, mat eegenem Glawen, Humor an eenzegaarter Geschicht, gët och d'Liewensfeier.


No engem éischte Kenneléieren um Telefon, treffe mir eis ob ee perséinlecht Gespréich, wou mir gemeinsam iwwert ären Häerzensmënsch schwätzen an och är perséinlech Wënsch zur Feier beschwätzen. Heizou zielen zum Beispill Musekswënsch, perséinlech Riede vun der Famill oder aner Ritualer. 

​


Uschléissend zum Gespréich maachen ech d'Recherchen an d'Besuergungen fir d'Liewensfeier a schreiwen d'Ried.  Fir ee reiwungslosen Oflaf ze plangen, schaffen ech enk mat de bedeelegten Servicer zesummen fir Ã¤rem Häerzensmënsch seng lescht Feier ze schenken. 


Ech soen iech am Firfeld well villmols Merci fir ärt Vertrauen an är Zäit. 

Image by Rose Erkul

Mellt iech gären bäi mir, wann dir Froen hutt

​

Maisy

Start: Services
bottom of page